Familylab.lu – Inputvirträg a Seminairen fir Elteren an interesséiert Fachpersounen
Vunn 19:00-20:30 um Mamerhaff – am Schapp
20, rue Henri Kirpach L-8237 Mamer
Datumer an Themen:
Am Kader vun der semaine de la santé mentale 10.10.2022-16.10.2022:
14. Oktober 2022: Bezéiungsorientéiert Erzéiung an psychesch Gesondheet: en präventiven Usaatz
(desen Virtrag ass gratis a get vun der Mamerhaff a.s.b.l a vun famiylab.lu gedroen)
Weider Virträg an Datumer ginn nach festgeluecht:
D’Zukunft vun eise Kanner ass elo: Selbstwertgefill an Selbstvertrauen entwëckelen
Trennung an dann? Eltere sinn, Eltere bleiwen
Weem gehéieren eis Kanner, den Elteren, dem Staat oder sech selwer?
D’Konscht Nee ze soen ouni schlecht Gewessen – Féierung an der Famill
d’Famill mat Teenager – geht Erzéiung do nach?
Mëllt Iech gären bis kurz virdun iwwer e Message op den info@familylab.lu un, oder kommt einfach op de Mamerhaff an „de Schapp“.
En Téi an eppes ze Knabberen get et och.
Et kascht 12 Euro pro Owend.
Leedung: Jacqueline di Ronco; Lizzie Seven
Mir freeën eis op Iech!
Di Ronco Jacqueline/Familylab LUX
BCEE: IBAN LU87 0019 4555 9077 2000
Code Bic: BCEELULL
Familylab.lu & familylab association & mamerhaff a.s.b.l