Wëllkomm bei Familylab Lëtzebuerg,
Mat dem Zil, eng Verbesserung vun der psycho-sozialer Gesondheet a vum Wuelbefannen bei Kanner, Jugendlechen, Familljen a bei Fachpersounen ze ennerstëtzen, bitt eis professionell Equipe Virträg, Atelieren, Konferenzen an Weiderbildungen esou wéi och Familljeberodung un.
Uschwätze wëlle mir nieft Elteren, Kanner a Jugendlechen, Institutiounen wéi Schoulen, Crèchen, Maisons relais, Foyers, an och Dageselteren an aner Fachpersounen, déi mat Familljen, Kanner a Jugendleche schaffen. Gewënnbréngend zwëschemënschlech Bezéiungen stinn am Fokus, wei och d’Ausernanersetzung mat perséinleche Wäertvirstellungen, d’Siicht op d’Kand, op sech als Elteren oder op sech am professionelle Kader.
Mat ville spannenden Usätz probéiert Familylab sech dorun ze bedeelegen, Froen nozegoen wéi:
- Wéi kënne Mënschen vu gefillter Léift zu engem Verhale fannen, dat déi Léift och erëmspigelt?
- Wéi wier et mat méi perséinlecher Verantwortung, fir dann och zu enger gudder sozialer Verantwortung ze fannen?
- Erzéiung an Bezéiung: wei stinn si zoueneen?
- Wéi kann eng gutt Féierung vu Säiten vun den Erwuessenen ausgesinn, esou datt Kanner sech geschützt, geleet an och fräi gelooss spieren, fir um authentesche Beispill kënnen ze wuessen?
- Ka Bezéiungskompetenz eis als Léierpersonal dobäi hëllefen, mat schwierege Situatiounen besser ëmgoen ze kënnen?
D‘Grondlag vun eiser Aarbecht bitt den renoméierten dänesche Familljentherapeut a Schrëftsteller Jesper Juul, deen duerch seng laangjäreg Aarbecht e richtege Paradigmewiessel un d’Rulle bruecht huet. Déi 4 vun him formuléiert Wäerter Authentizitéit, Integritéit, Verantwortung a Gleichwiirdegkeet inspiréieren an erwiermen gläichermoossen.
Kuckt also och ënnert „Wat mir ubidden“ an „Agenda“ an deelt eis Är Demande mat, mir bauen dann zesummen dee passende Kader duerfir op.